Am Joer 2000 hunn d’Vertrieder vun de Gewerkschaften an Politik aus de Gemengen Wooltz an Wanseler sech zesummen gedoen, fir Leit an Schwieregkeeten an déi, déi sech net um éischten Aarbechtsmaart erëm fannen, eng Alternativ ze bidden. Am Mäerz 2000 ass dunn de Grondsteen fir d’ASBL CIGR Wiltz Plus geluecht ginn.

20 Joer méi spéit, feiert de CIGR Wiltz Plus en ronnen Gebuertsdag. Wéinst der sanitärer Situatioun, huet d’Joer 2020 et net zougelooss, fir dësen besonneschen Ulass ze feieren. Am Joer 2021 huelen mir dës Feierlechkeeten no. Mat engem neien Konzept vum „Eisen Gudden Noper Dag“ an sëllegen klengen Aktiounen am Laf vum Joer wëllen mir Iech Merci soen fir äert Vertrauen iwwert déi lescht 20 Joer.