Historique

Am Joer 2000 hunn Vertrieder vun de Gewerkschaften an den Politiker aus den Gemengen Wooltz an Wanseler sech zesummen gedoen fir eng Alternativ ze sichen fir Leit an Schwieregkeeten an déi sech net um éischten Aarbechtsmaart erëm fannen. Op eng aner Aart a Weis eng zweet Zukunftschance fir déi Leit erëm op den Aarbechtsmaart integréiert ze kréien an hinnen domadder een neien Erfolleg am Liewen ze ginn.

Mat dësen gemeinsame Wäerter, Iddien, Iwwerleeungen an Iwwerzeegungen, hunn Gemengen Wooltz an Wanseler den 23 Mäerz 2000 den „CIGR Wiltz Plus asbl „ gegrënnt, eng Associatioun ouni Gewënnzweck. Mam Laf vun den Joren hunn sech Gemengen Bauschelt, Esch-Sauer, Rammerech, Réiden, Géisdref, Stauséigemeng, Kiischpelt an Saeul ugeschloss an ass an der Tëschenzäit e feste Bestanddeel vun der Solidarwirtschaft an der Regioun vum Norden am Land.

Haut deckt den CIGR Wiltz Plus 10 Gemengen, 84 Dierfer mat sengen Servicer of, wat enger Fläch vun 14 %  (+/- 390 km2) an 4 % vun de Bierger (25 254 Bierger)(2019) vun Lëtzebuerg entspriecht.

Verschidden Projeten seit dem Joer 2000