Den CIGR Wiltz Plus

Eis Zieler

Mat der Ënnerstëtzung vum Aarbechtsministère an eisen Partnergemengen bauen mir eis Projeten, Aktivitéiten an Servicer fir d’Bekämpfung vun der Aarbechtslosegkeet zënter Joren ëmmer weider aus mat folgenden Zieler:

  • Berufflech Weiderbildung an-, fir Reintegratioun op den éischten Aarbechtsmaart
  • Opbauen vun innovativ lokal a regional Projeten déi kenger deloyaler Konkurrenz entspriechen
  • Bedeelegung un eng allgemeng Erhéijung vun der Liewensqualitéit
  • Sozial Verbindungen verbesseren oder erëm hierzestellen
  • Solidaritéit tëschent de Gemengen – Plus-Value fir d’ganz Regioun
  • Ënnerstëtzung vun der lokaler an regionaler Wirtschaft
  • Nohalteg lokal Entwécklung
  • Den CIGR Wiltz Plus asbl = Initiativ Sozial (I.S)

  • Ziel vum CIGR Wiltz Plus ass déi allgemeng Liewensqualitéit vun den Bierger ze verbesseren an gläichzäiteg néi Aarbechtsplazen ze schafen.

  • Funktionéieren deet den CIGR Wiltz Plus iwwert de Wee vun Konventiounen an Agreement

  • Eng « Convention de collaboration » mat all eenzel Partnergemeng wou d’Missiounen vum CIGR Wiltz Plus definéiert sinn

  • Eng « Convention de coopération » mam Aarbechtsministère (Gesetz vum 03 Mäerz 2009 vum « rétablissement du plein emploi »)

  • En « Agrément d’activités » mam Aarbechtsministère, dat all Joer nei muss ugefrot ginn