Atelier KLIMBIM

Den KlimBim Atelier ass entstanen duerch en “Pot Pourrie” vun Ëmstänn dem prakteschen Notzen vum Service Proximité, wou Léit dem CIGR Wiltz Plus ganz oft Miwwelen matginn hunn déi nach an guddem Zoustand waren, déi awer nitt méi wollten.

Den CIGR Wiltz Plus huet déi dunn un Léit weiderginn déi Mëttelen nitt haten an frou waren iwwert deen Wee Miwwelen ze kréien.

Mat der Zäit huet deen Service awer esou erweidert dat den CIGR dësen Service och ugebueden fir all Léit an den Partnergemengen.

Domat ass natierlech och en logisteschem Problem komm, well einfach Platz fir dat Ganzt ënnerstellen ze kënnen ëmmer méi knapp ginn ass.

Engem Ëmdenken vun der Populatioun, fort vun eiser Konsum an Wegwerf-Gesellschaft hin bei eng Kreeslafwirtschaft, wou d’Saachen erëm opgewäert an verwäert ginn.

Enger zousätzlecher Méiglechkeet fir iwwert deen Wee Formatiounen am Beräich Holz, Kreatioun an Relooking kënnen unzebidden wou een mat verschidden Partner wäert zesummeschaffen.